Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Op enger Weltrees kritt een esou Munches ze gesinn. An den nächste Wochen a Méint weise mer Iech flott Plazen aus Europa, Nord- a Südamerika, Asien, Afrika an Australien.
Nächste Stopp: Panama. Wuel weltwäit bekannt duerch de Panama-Kanal, wouduerch Schëffer net méi musse ronderëm Nord- oder Südamerika fueren, mä einfach doduerch, liewen hei eng 4 Millioune Mënschen. Haaptsprooch ass Spuenesch. Wiederteschnesch si mer an enger Géigend, déi souwuel waarm, wéi awer och zimlech fiicht ass.
Während eisem Tëschestopp war och de Poopst Franziskus zu Panama-City, wat knapp eng Hallefmillioune Leit ugezunn huet, déi extra an d'Haaptstad vum Land komm sinn, fir de Papp vun der kathoulescher Kierch ze gesinn.
Panama-City ass eng Stad mat Flair, enger flotter Alstad, déi nach aus Kolonialzäit existéiert, awer och méi moderne Quartieren, dat direkt um Panama-Kanal.