Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Op enger Weltrees kritt een esou Munches ze gesinn. An den nächste Wochen a Méint weise mer Iech flott Plazen aus Europa, Nord- a Südamerika, Asien, Afrika an Australien.
De Panama-Kanal, deen am August 1914 opgaangen ass, féiert vu Colon um Atlantik bis op Balboa um Pazifik, dat zum Deel duerch den Tropebësch. Fir déi ongeféier 40 Kilometer brauch e Schëff ëm déi 10 Stonnen, dobäi fiert een duerch 3 Schleisen. Fir den Transit vun engem Schëff ginn 52 Millioune Galloune Frëschwaasser gebraucht, woubäi déi nei Schleis däitlech manner Waasser verbraucht an eng 60 Prozent nach eng Kéier verbrauche kann.