Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Normalerweis schwätze mir jo hei vun den neisten Trends a Modeller, déi grad hir Première gefeiert hunn an deemnächst am Showroom landen. Mä haut, Christian Schmit, ass dat anescht. Et geet ëm e Youngtimer, an zwar e ganz raren a besonneschen - nom Motto: "Wenn du unbedingt so ein Ding haben willst, dann musst du es dir schon selber bauen", sot de Papp zum Bouf, dee vun engem Sportswon gedreemt huet, mä natierlech net d’Moyenen hat, deen ze finanzéieren. Mat deem "Déngen" waren natierlech Dram-Autoen aus Italien gemengt ... à la Ferrari, Lamborghini oder Maserati.
Dat war 1968 zu Neuss an Däitschland. Den Dram sollt a Realitéit ëmgesat ginn. 1975 war de Berardino du fäerdeg a gouf immatrikuléiert.
De JP Paulussen war gebuer. Oder wéi säi Createur géif soen - "The Italian dream from Germany".