"En Tour ronderëm d'Welt": Costa Rica, Puntarenas. (28.1.19)
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Op enger Weltrees kritt een esou Munches ze gesinn. An den nächste Wochen a Méint weise mer Iech flott Plazen aus Europa, Nord- a Südamerika, Asien, Afrika an Australien.
E Stopp a Costa Rica hu mer zu Puntarenas gemaach, Haaptstad vun der Provënz Puntarenas an eng gréisser Hafestad um Golf vun Nicoya. Mat ronn 100.000 Awunner ass Puntarenas eng méi kleng Stad an awer ass den Hafen Caldera ee vun de wichtegsten an eelsten Häfe vu Costa Rica. D'Sandstränn ronderëm d'Stad lackelen dann all Joers eng hellewull un Touristen an d'Regioun, ënnert hinnen och vill Surfer. D'Temperaturen am Januar leien am Dag ëm déi 28 bis 32 Grad.