Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Den Atelier an der Hollerecher Strooss war laang am Virfeld ausverkaf an direkt virum Optrëtt vum Sänger, sinn d'Leit och mol direkt musikalesch iwwerrascht ginn. Déi verschidde Museker vun der Fanfare "Traktorkestar", déi de Stephan Eicher op senger Tour begleeden, si mat hiren Instrumenter queesch duerch de Publikum marschéiert an hunn den Atelier fir puer Minutten a Volleksfeststëmmung bruecht. De Programm vum Schwäizer Sänger war dann och sou ënnerstrach, dass hien de ganzen Owend vun de 12 Museker op der klenger Bühn ënnerstëtzt ginn ass.