Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
E Mëttwoch den 13.02.2019 ass ee Quartett zu Diddeleng am Centre culturel "opderschmelz" opgetrueden, dee säin Ursprong beim Festival "LikeaJazzmachine" zu Diddeleng hat. Si hunn duerno och eng CD mam Titel "Vintage New Acoustic" opgeholl.
Et ass de Reggie Washington Quartet.
Et koum dozou, datt de Reggie Washington mat sengem ursprénglechen Quartett eigentlech sollt beim "LikeaJazzmachine" optrieden mee leider konnt een Bandmember net matkommen a kuerz duerno huet een zweeten. Aus dem Grond hu se du séier 2 aner Museker gesicht a fonnt.
Virum Concert huet d'Directrice vum Centre culturel Danielle Igniti e puer Wuert geschwat a sech an di wuelverdéngte Pensioun, déi se ab dem 1. Mäerz 2019 kritt, verabschid.
Een décken Merci och vu mir Danielle an ech wënschen der eng ganz laang an virun allem gesond Pensioun.