Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Den Atelier konnt "Full House" an der Box an den Ausstellungshalen um Kierchbierg mellen. An duerfir mat verantwortlech war den däitschen Techno-Star Paul Kalkbrenner. De Bruder vum Fritz Kalkbrenner, deen och an der selwechten Techno Zeen erfollegräich ënnerwee ass, ass ënner anerem mat "Sky and Sand" bekannt ginn. De Star-DJ huet sou och um Freidegowend eleng op der Bühn, hannert sengem Mëschpult sengen ugereesten 3000 Fans mat sengem typeschem selwer produzéierte Rhythmus begeeschtert an huet ënnerenaner och Lidder aus sengem leschten Album "Parts of Life" presentéiert