Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Op enger Weltrees kritt een esou Munches ze gesinn. An den nächste Wochen a Méint weise mer Iech flott Plazen aus Europa, Nord- a Südamerika, Asien, Afrika an Australien.
Éischten Dag op Bora Bora war e bëssi relaxéieren an um Strand leien. Dono ass et awer weidergaangen a mir hunn e bëssen eppes vun der Insel gesinn.
Duerch den System vun der Rees hu mer elo awer en dag verluer. Mir sinn direkt vum Samschdeg op e Méindeg gesprongen, dat duerch de Wiessel vun der Zäitzon.