Op enger Weltrees kritt een esou Munches ze gesinn. An den nächste Wochen a Méint weise mer Iech flott Plazen aus Europa, Nord- a Südamerika, Asien, Afrika an Australien.
Sydney ass eng immens interessant Stad. Ugefaangen um Circular Quay, vu wou aus een d'Harbour Bridge op där enger, an d'Sydney Opera House op där anerer Säit bewonnere kann. D'Sydney Cove ass iwwerdeems e gudden Ausgangspunkt, fir d'Stad z'entdecken.
Am Ost fënnt een zum Beispill de flotte Botanic Garden, am Westen den historesche Beräich mat The Rocks.