Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Mat hirer Tour "Black is Beautiful" si si am Moment erëm ënnerwee. Um Freide ware si dann och bei eis an der Groussregioun op Besuch, dat am E-Wierk zu Saarbrécken.
Déi 2 Frontmänner Alec Völkel an de Sascha Vollmer si jo aktuell och an der däitscher Tëlee ze gesinn, dat an der Jury bei de Voice Kids. Gegrënnt gouf d'Band, déi aus 9 Memberen zesummegesat ass, am Joer 2004 zu Berlin vun de Frënn Sascha Vollmer, Michael Frick an dem Alec Völkel. Dat selwecht Joer ass och schonn den éischten Album erauskomm. Eng Coverversioun vum "Like Ice in the Sunshine" fir eng Glacereklamm war dunn och den éischte Succès fir BossHoss.
D'Joer dorop ass dann dunn de richteg groussen Duerchbroch komm, wéi BossHoss Boss bekannte Lidder aus dem Popberäich mat engem eegene Country-Stil-Mix presentéiert hunn.
De Bandnumm ass duerch d'Lidd "The Real Bosshoss" vun "The Sonics" aus dem Joer 1965 entstanen, dëst Lidd gëtt dann och ëmmer och just virum Concert am Hannergrond gespillt dat bis de Rideau fält an d'Cowboyen op der Bühn stinn.