"En Tour ronderëm d'Welt": Kuala Lumpur, Malasien (5.4.19)
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Op enger Weltrees kritt een esou Munches ze gesinn. An den nächste Wochen a Méint weise mer Iech flott Plazen aus Europa, Nord- a Südamerika, Asien, Afrika an Australien.
Kuala Lumpur ass eng interessant Stad, gepräägt vun vill Joerhonnert. Am koloniale Véierel fënnt een de "River of Life" esou wéi och d'"Sultan-Abdul-Somad-Building". De moderne Quartier vun der Stad gëtt ënner anerem duerch "Petronas Twin Towers" gepräägt. Et fënnt een hei awer vill modern Hotellen, Restauranten an en Designervéierel.
D'Nationaalt Monument, de Kinnekspalast, läit op der Insel Negra, am westlechen Deel vun der Stad. E gudde Bléck kritt een dovunner awer och vun den Twin Towers, ma hei muss ee ronn 3 Méint am viraus reservéieren, fir kënnen eropzeklammen. D'Fotoen, déi vun do gemaach goufen, komme vum André an Ingnacio.