Op enger Weltrees kritt een esou Munches ze gesinn. An den nächste Wochen a Méint weise mer Iech flott Plazen aus Europa, Nord- a Südamerika, Asien, Afrika an Australien.
Mir waren eis d'Stad Colombo ukucken, déi eenzeg Hafestad op Sri Lanka. Ronn 740.000 Leit liewen hei an all Dag kommen 2 Millioune Mënschen an d'Stad, fir hei ze schaffen. Et ass eng hektesch Stad, mat vill Verkéier. Op 22 Millioune Leit, déi op der ganzer Insel liewen, kommen eng 8 Millioune Gefierer. 3 Milliounen dovu sinn déi bekannten Tuk Tuks. Et ass och interessant, mat deenen duerch d'Colombo ze fueren, well si gutt duerch den Trafic kommen an et zu Fouss ze schwiereg ass, fir sech vill ze deplacéieren.