Op enger Weltrees kritt een esou Munches ze gesinn. An den nächste Wochen a Méint weise mer Iech flott Plazen aus Europa, Nord- a Südamerika, Asien, Afrika an Australien.
Éischte Stopp zu Dubai war de Quartier Deira, déi traditionell Plaz, wou een Handel dreiwe kann. Dono dann eng Safari duerch d'Dunen, wou ee richteg eppes erliewe kann.
Eng aner Aart vun Erliewen ass dann dat modernt Dubai, hat all den héije Gebaier. Klëmmt een dann op de Burj Kalifa erop, kritt een e spektakulären Iwwerbléck iwwer Dubai, déi riseg Mall vu Dubai an déi spektakulär Fontainen.