Op enger Weltrees kritt een esou Munches ze gesinn. An den nächste Wochen a Méint weise mer Iech flott Plazen aus Europa, Nord- a Südamerika, Asien, Afrika an Australien.
D'Haaptstad vun de Vereenegten Arabeschen Emiraten steet an engem richtege Kontrast zu Dubai. Zu de wichtegste Plazen, déi ee ka gesinn, zielt den Emirates Palace Hotel, d'Moschee Sheikh Zayed a Yas Island, wou och de Formel 1 Circuit drop ass. Do hu mer eis e puer Stonnen d'Ferrari-World ugekuckt. Bei all deene Saache soll een awer och Heritage Village net vergiessen, wou een e Stéck vun der arabescher Geschicht ka gesinn.
Fotoen: MJ
Dann nach e Message vun de Lëtzebuerger op der MSC World Cruise. Mir drécken der groussherzoglecher Famill eis Condoleancen zum Doud vum Groussherzog Jean aus.