Op enger Weltrees kritt een esou Munches ze gesinn. An den nächste Wochen a Méint weise mer Iech flott Plazen aus Europa, Nord- a Südamerika, Asien, Afrika an Australien.
Muskat ass eng vun den eelste Stied am mëttleren Osten. Mir hunn de Fëschmaart, dat portugisescht Fort an den arabesche Maart Muttrah-Souq's besicht. Déi grouss Moschee mat deem wonnerschéine Gaart konnte mer awer just vu Bausse gesinn, well se net ëmmer fir Visitten op ass.
Eist Zil war de Sultanpalast Al Alam, deen tëscht de grousse Festungsanlagen Mirani a Jalali läit. Dëst war och schéin ze gesinn, wéi mer mam Schëff aus dem Hafen erausgefuer sinn.