Mille Miglia 2019: Andréck vun de leschten Editiounen (14.5.19)
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
E Mëttwoch, 15. Mee ass den Depart vun der Mille Miglia 2019. Wéi gewinnt gëtt dëse prestigiéisen Oldtimer-Rallye a 4 Etappe gefuer.
Dëst Joer goufen nëmme 430 Oldtimeren ugeholl, dat sinn der 20 manner wéi bei deenen Editioune virdrun. Ënnert hinnen och 5 Lëtzebuerger Equipagen:
- Mat der Startnummer 7: Albert WETZ / Romain COLLE op enger O.M. 665 S MM Superba 2000 vun 1927
- Mat der Startnummer 38: Vanni CURRIDOR / Goy FELTES op enger Bugatti Type 38 Gran Sport vun 1927
- Mat der Startnummer 73: Marco ROLLINGER / Raymond NIESEN op enger Alfa Romeo 6C 1750 SS Zagato vun 1929
- Mat der Startnummer 202: Marc LENERT / Marc NIEDERKORN op enger Lancia Aurelia B21 vun 1951
- Mat der Startnummer 382: Dany ROLLINGER / Paul FLESCH op enger OSCA MT4 1100 2AD vun 1955