Porte ouverte beim Bäcker/Pâtissier Jos & Jean-Marie (9.6.19)
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
E Sonndeg war d'Porte ouverte beim Jos a Jean-Marie zu Mäerzeg, wou een och nëtzlech Informatioune krut, z.B. dass si ganz vill mat Produit du terroir a Fairtrade schaffen. De Betrib gëtt et zanter 2002. Deemools hu si mat 18 Leit Personal ugefaangen. Haut si si zu 160 Leit an do geet esou Munches den Dag iwwert den Dësch an awer ass ëmmer nach alles op der Hand gemaach.
Hei e puer impressionnant Zuele vun Ingredienten, déi si iwwer 1 Joer verbrauchen:
750 Tonnen Miel,
220'000 Liter Mëllech,
50 Tonnen Zocker,
10'000 KG Hief,
15 Tonne Botter an 40'000 Liter Eeër.
Doraus entstinn z.B. 1'400'000 Aachtercher a 700'000 Fairtrade Croissanten am Joer.
All Dag gi ronn 2000 Brout a verschidden Zorten hiergestallt, an all Moie fueren 10 Camionen eraus mat tëscht 25'000 - 30'000 Stéck Iesswueren. Beliwwert gi 15 Geschäfter, 25 Supermarchéen, 30 Tankstellen a 50 Clienten.