Spuerkees Bankers in Concert zu Weilburg (16.6.19)
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
E Sonndeg Owend hunn d'Spuerkees Bankers e Concert zu Weilburg an der Lahn ginn. Si waren ee vun 53 Concerten, déi dës Saison bei den "Internationale Musikfestspiele" am Schlass gespillt ginn. Et kann een et mam Wëltzer Festival vergläichen. Bei ronn 1.000 Leit hu si am Renaissancehaff vum Schlass hire Concert gespillt. De Concert war ënnert dem Numm "A Tribute to Frank Sinatra" am Programm ze fannen a mat den Bankers stoungen och d'Caroline Mhlanga an de Peter Grün op der Bühn a fir de Peter war et eng besonnesch Éier, well hien ass zu Weilburg gebuer a lieft och do. Bei enger besonnescher Kuliss a guddem Wieder an der enger an anerer Zugabe war et ee gelongenen Owend. Mir waren awer all schonn e Samschdeg zu Weilburg an hunn eis mëttes mat engem Guide e flotten Tour duerch Weilburg a seng Geschicht féiere gelooss. Do si mer och gewuer ginn, dass eise Grand Duc do och nach Wuerzelen huet, well do huet den Adolph zu Nassau Groussherzog vu Lëtzebuerg vun 1890 - 1905 gelieft, an eise Grand-Duc ass Schirmherr vum Schlass, wat hien och déi eng oder aner Kéier besicht. Weilburg an der Lahn ass keng grouss Stad, awer déi 250 km bis dohin sinn hire Wee wäert.