Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
E Freideg um 19.30 Auer goung de Cortège vun Al Dikkrich vum Kolléisch an Al Dikrech. Virop déi Dikrecher Ieselen duerno Musek an uschléissend Brautkoppelen, déi viru 25, 50 a 60 Joer zu Dikrech bestuet goufen. Nodeems si op der Bechplaz ukomm sinn, gouf eng Ried gehalen, d'Brautkoppele goufe geéiert an duerno huet traditionell de Buergermeeschter vun Dikrech, Claude Haagen, dem Buergermeeschter vun Al Dikkrich, Grosch Benoit, de Schlëssel iwwerreecht. An domat war Al Dikkrich fir 5 Deeg agelaut. Um 21 Auer huet d'Veianer Musek nach e Concert gespillt, an fir gutt Stëmmung gesuergt.