Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Fotoen an Text vum Ketty a Rom Hankes
Mir haten emol een anere Samschdeg Mëtteg, ganz interessant a léierräich. Mir waren e Samschdeg Mëtteg zu Eschduerf bei Frënn an duerfte mat dresche fueren. Mir krute gewisen, wéi een d'Fiichtegkeet vun de Käre moosst, dass ee weess, ob scho gedrescht ka ginn, dann ass natierlech vill Organisatioun dobäi, fir e Méidrescher ze kréien an dann natierlech muss ee Plaz hunn, fir d'Kären ze tippen. D'Kanner waren net déi eenzeg, déi begeeschtert waren, mir konnte Villes dovundroen an et huet eis an de Kanner vill Spaass gemaach.