Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
E Sonndeg war den 30. Munzer Haupeschmaart, organiséiert vun der Robbesscheier. Iwwer 100 Aussteller an Acteure sinn do déi hier Produkter an hier handwierklech Konscht weisen. Regional Produkter kann ee schmaachen a probéieren, mä och professionell Maartleit sinn och all Joer dobäi. passend zu dëser Joreszäit krit een natierlech och Kleeder an Decke fir de Wanter sief et gebitzt gestreckt oder geheekelt.
Eng handgemaachte Posch, e Lieszeeche fir an e Buch oder e Schal an eng Mutz, eng Luucht oder Dekoratioun fir Chrëschtdag, Fleesch Kéis oder Boxemännercher fir jiddereen ass eppes dobäi. Ugefaange gouf moies mat enger Mass, mat uschléissendem Cortège bis bei Maartkräiz wou d'Madamm Marie Josée Jacobs eng Ried gehalen huet duerno huet de Landwirtschaftsminister Romain Schneider nach e puer Wuert gesot iert si mat engem duebelen Handschlag de Maart opgemaach hunn.