Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
E kulinareschen Tour duerch Lëtzebuerg begleet um Piano vum " Fernande" aus dem Café des Artistes. E Samschdeg den Owend war et esou weit direkt bei der Entrée goung et lass, d'Stemm war beim Aperitif geschmiert ginn an déi éischt Zeile goufe gesongen.
No enger klenger Paus goung et du richteg lass mat de Lëtzebuerger Lidder a jiddereen huet matgesongen. Nodeems mer d'Heft duerch haten hunn e puer Leit eis iwwerrascht. Ënnert de Gäscht waren ënner anerem och nach d'Mariette Lentz, de Jeff Mack an d'Joëlle Wiseler. Si hunn eis ënner anerem mat Time to say Goddbye vum Andrea Botchelli respektiv mat Lidder vu Sardou verwinnt.
Zum Schluss konnte mer eis och nach Verschiddenes wënschen an herno stounge mer quasi all ronderëm de Piano an hunn e super flotten an interessante Pianoowend mat gudder Musek a fantasteschem Iesse verbruecht.