Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
D'Laura Laune huet 2017 déi 12. Staffel vum "Incroyable Talent "op der franséischer Tëlee gewonnen. Zanter dësem Succès ass déi jonk belsch Kënschtlerin, déi och puer Joer zu Colmer-Bierg gewunnt huet, erfollegräich mat hirem Programm ënnerwee. Mat hirem speziellen, awer och sympatheschen an onschëllegen Humor suergt si fir ausverkaafte Säll. Och de Chapito am Casino 2000 zu Munneref konnt mat 1.200 Spectateuren um Donneschdegowend ee volle Sall mellen.