Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
E Freideg den Owend war Candle Night zu Ettelbréck. Vill Faarwen, Luuchten a grouss Gestalte waren ze gesinn, an och d'Wieder huet pünktlech matgespillt.
Nodeems een déi lescht Kaddoen an de Geschäfter fonnt huet, goung et weider op der Candle Night,déi de Chrëschtmaart fir dëse Weekend agelaut huet. Mat flotter Musek, Glühwäin, Glüh-Gin,e gudde Mauffel - vu Grill, aus dem Dëppen oder Séisses - fir jidderee war eppes do.
Vill Leit hate sech zu Ettelbréck hannert der Kierch afonnt a bei gudder Stëmmung war d'Garantie fir e flotten Owend geséchert.