![]()
An esou geet eis Rees an de Grindelwald dann och schon neess op ën Enn. Méi Informatiounen kritt Dir op www.grindelwald.ch, www.myjungfrau.ch an op www.myswitzerland.com - vill Spaass!!!
![]()
Eise Favorit: de franséischen Draach!!
![]()
Waat een alles esou aus engem groussen Äisblock ka maachen!!!
![]()
Un Hand vu klénge Maquetten realiséieren Artisten aus 8 Länner regelrecht Konschtwierker - hei d'USA.
![]()
Zeréck am Duerf gi mer dann nach déi herrléch Schnéiskulpturen kucken, déi och owes herrléch beliicht sin!
![]()
Duerno gin déi 4 Sëtzer dann neess eropgezun. De First Flyer kscht 15 CHF mam Skipass, 25 ouni a wann een d'Gondel matbezillt 75 CHF (ouni Skipass) - daat ass dann awer ë bëssen deier! Also am beschte mam Skipass kombinéieren!
![]()
No +/- 40 Sekonnen ass deen herrleche Spaass da leider schon eriwer an ët gëtt ee relativ radikal gebremst - gutt unhaalen!!!
![]()
Wann een dann och nach esou een Draamwieder huet ass ët ee genialt Gefill an den Dall ze rutschen... De First-Flyer gëtt ët zanter engem Joër an ët si scho 17.000 Leit dermat geflun - virun allem am Summer.
![]()
...an da geet ët lass, zu 4 niewteneen.
![]()
3, 2, 1... go!!!
![]()
Näischt fir schwaach Nerven: déi eng trauen séch, anerer maachen d'Kéier.
![]()
De First Flyer - deen eenzegen an Europa - an ë puer Zuelen: 800 Meter laang a 45 Meter Héicht, 84 km/h an a 40 Sekonnen ass een do ënnen!
![]()
Virdrun muss een awer nach een Ziedel ausfëllen, dass ee kéng Verletzungen huet, nët schwanger ass etc... D'Direktioun iwerhëllt och kéng Responsabilitéit fir Géigestänn déi kinnten eroffalen - also: Täschen zou maachen!
![]()
...an dann do erof!!!
![]()
Vun hei aus geet ët fort...
![]()
Klénge praktëschen Tuyau, wann Dir Äere Vol mam First Flyer wëllt mat enger Kamera oder I-Phone wëllt filmen: stréckt Iech en un d'Jaquette un, dass ën herno nët am Schnéi läit...
![]()
Elo geet ët lass - d'Hänn an den Himmel ;-))
![]()
...a vun engem Dortoir fir Gruppen ënnert dem Daach.
![]()
E Beispill vun engem Zëmmer...
![]()
...d'Haus gouf am läschte Summer mat vill Léift an Holz renovéiert! Hei gëtt och mat asiateschen Aflëss gekacht.
![]()
...mat där spektakulärer Vue moies erwechen!!!
![]()
E Bijou um Bierg: d'Berghaus Bort
![]()
Terrasse-Wieder
![]()
D'Arrivée vum First Flyer - muer solle mir hei an de Seeler hänken, vun enger Fieder gebremst...
![]()
Einfach nëmme schéin - oder!?!
![]()
Über den Wolken - de Sessellift verschwënnt an der Wollekendecken...
![]()
Draamwieder fir Ski ze fueren - allerdéngs gëtt ët elo héich Zäit, dass Grindelwald neess Schnéi kritt, fir dass d'Touristen an der Fuesvakanz och esouvill Spaass hun!
![]()
Hannert dem Sessellift ass d'Oofschossramp vum First Flyer: 4 Persounen kënnen hei parallel um Seel mat 86 km/h an den Dall rutschen!
![]()
De First Flyer: Adrenalin pur!
![]()
Duerno geet ët mat der Gondel op First - herrléch Vue aus der Gondel!
![]()
Vum Wiefstull bis zum Haushalt - ët entdeckt ee Saachen, déi ee guer nët méi kennt!!!
![]()
Wonnerschéin ze kucken: ë Stood ewéi fréier!
![]()
Ë Bild aus dem Ufank vum 20. Joerhonnert, wou de Grindelwalder Gletscher nach bis an d'Duerf gaang ass!!! Haut - Klimaerwärmung léist gréissen - gesäit een en nach knapp!
![]()
Haut kann een séch nët méi virstellen, mat esou Brieder de Bierg erof ze fueren an deemols waren d'Pisten nët präparéiert!
![]()
Eise Guide, de Marco Bomio, weist eis déi éischt Ski, déi 1891 aus Skandinavien op Grindelwald komm sin.
![]()
...ee spektakuläre Bob, mat deem se fréier vun der Kleinen Scheidegg an den Dall gebriedert sin!!!
![]()
Eng immens gutt erhaale Collectioun vun ale Ski, Skischong an...
![]()
Wéi war d'Liewen fréier zu Grindelwald... am Musée gidd Dir ët gewuer!
![]()
Lénks den Heimatmuseum - rieds d'Kirch, déi ass zu Grindelwald nach am Duerf ;-)
![]()
8.20 Auer - déi éischt Visite: am Heimatmuseum
![]()
...den Daag duerno: Grindelwald erwécht no enger Nuecht mat 10cm Neischnéi. Nach läit ee Wollekeflom iwer der Uerstschaft - dee verschwënnt awer séier a mécht Plaatz fir een herrlech sonnegen Daag!
![]()
Natierléch keen Openthalt an der Schwäiz ouni Fondue-Owend!
![]()
...drénken nët nëmme Rivella ;-)!!!
![]()
De Grindelwald ass fest a Lëtzebuerger Hand: de Funky Ski Club vu Käerjeng kënnt schon 8 Joër Ski fueren an...
![]()
D'Gondel fiert a 5 Minutten op de Bierg am Zentrum vum Skigebitt
![]()
Waat fir eng Vue!!! De Panorama um Männlichen (2230 m)
![]()
D'Curlingpist am Zentrum vu Wengen an der praller Sonn
![]()
Dee grousse Kannerskipark vu Wengen
![]()
D'Saar Claeys vu Suisse Tourisme ass begeeschtert - d'Schwäiz ass nët fir näischt esou beléift beim Lëtzebuerger!
![]()
Op der Lauberhorn-Descente gëtt ee mat enger herrlécher Vue op Wengen belount!
![]()
D'Beschtzäit op der Arrivée hällt nach ëmmer de Kristian Ghedina an 2'24"23 - mat Spëtzten vun 160 km/h!!!!
![]()
Den Zielschuss vun der Lauberhorn-Descente - d'Tribunen nom Succès vum Carlo Janka (CH) sin oofgeriicht. 32.000 Leit - neie Rekord - hun de Succès vum Schwäizer gefeiert.
![]()
Den Zuch fiert parallel laanscht d'Piste
![]()
...eng Mauer!!! D'Photo dréckt nët aus, wéi géih ët hei ass!!!
![]()
Mir sin déi schwaarz gefuer an hei bleiwt engem d'Häerz stoën: um Hundsschopf spangen déi bescht an d'Déift...
![]()
Um Russisprung stellt een séch d'Fro: fiert een elo wierkléch hei déi schwaarz erof, oder awer léiwer déi blo?
![]()
An da geet ët 6km de Bierg eroof - do brennen d'Uewerschenkelen!!!
![]()
...an da geet ët hei eroof, d'Photo dréckt nët aus, wéi géih ët ass. Dee bloë Stréch ass nach d'Ideallinn vun der Weltcupcourse.
![]()
Aus dësem Chalet fueren d'Ski-Cracken fort...
![]()
D'Startpente vun der spektakulärer Lauberhorn-Descente
![]()
Draam-Wieder fir Ski ze fueren - d'Pisten sin excellent präparéiert!
![]()
Impressionnant: d'Silberhorn mam Gletscher
![]()
An der Mëtt: d'Jungfraujoch Top of Europe 3454 Meter
![]()
Lénks: déi berühmt, berüchtegt Eiger-Nordwand. De Rekord: 2 Stonnen an 48 Minutten!
![]()
...da kann ët awer emol gutt sin, dass eng Kouh fléie gelooss gëtt ;-))
![]()
Den Intérieur vum Tipi - d'Rouh virum Stuerm. Den Après-Ski dauert awer hei nëmme bis 16.00 Auer
![]()
Ee kulinarësche Geheimtip!
![]()
No enger hallwer Stonn ass een op 2061 Meter beim berühmten Tipi-Zelt op der "Kleinen Scheidegg"
![]()
Déi ganz couragéiert maache Base-Jump vun deem klénge Steen an der Mëtt vum Bierg!!!
![]()
De Martin Strahm vum Jungfrau Region Marketing am RTL-Interview: "Esoubaal ech eng fräi Stonn hun, profitéieren ech dervun fir an där herrlécher Kuliss vun Eiger, Mönch a Jungfrau Ski ze fueren..."
![]()
Lénks den Hotel Regina - rieds d'Grindelwalder Gare
![]()
Wonnerschéin ze kucken: "Grindelwald by night"
![]()
10 Natiounen "kämpfen" ëm déi schéinst Schnéiskulptur
![]()
D'Artisten vum Schnéi-Skulpturen-Festival schaffen un hiere Wierker...
![]()
All Wéer féieren an de Grindelwald - 100km Wanderwéer!
![]()
Ee Wahrzeechen vu Grindelwald: deen herrschaftléche 5-Stären-Hotel Regina bei der Gare
![]()
Den Eiger am Schied vun der Moundsichel
![]()
D'Sonn geet ënner zu Grindelwald - d'Wetterhorn gesäit aus ewéi ee Stéck Toblerone...
![]()
Eng besonnësch Relaxatioun - dee baussenzéchte Sole-Whirlpool vum Hotel Belvedere
![]()
Mat dësem schéinen antiken elektrëschen Zuch geet ët eroof op Grund a vun do aus dann an enger halwer Stonn an d'Skigebitt "Kleine Scheidegg"
![]()
D'Kaart vum Skigebitt - déi meescht Luuchten vun deenen 213 Kilometer Pisten stin op gréng ;-)))
![]()
Déi beléiwt Vakanzdestinatioun am Berner Oberland gréisst op däitsch, franséisch, englësch... a japanësch. Asiaten a Russen sin hei staark vertrueden...
![]()
D'Stärkt vum öffentléchen Transport an der Schwäiz: super Connectiounen an ët kënnt ee matzen an der Uertschaft un!
![]()
Déi meescht Lëtzebuerger fueren a gutt 5 Stonnen mam Auto op Grindelwald - eng aner flott a grad esou séier Alternative: mat der Swiss vum Findel op Zürich an da via Bern an Interlaken mam Zuch bis op Grindelwald.