Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Si sinn eng vun de bekanntste Musekerfamilljen, an zënter hirem 8. Studioalbum „Over the Hump“ aus dem Joer 1994 och gréisstendeels erfollegräich ënnerwee. Zënter hirem Comeback am Joer 2017 si si erëm fir ausverkaaften Hale verantwortlech an och mat hirer aktueller Tour “25 Years-Over the Hump“ kënnen déi aktuell 7 Membere begeeschteren. An och um Donneschdeg den Owend sinn d’Leit no enger musikalescher Zäitrees vun der bekannter Kult-Famill net enttäuscht aus enger Tréier-Arena erausgaangen.