Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
E Mëtteg um Bauerenhaff: Eise Fotograf Rom Hankes hat d'Chance an konnt en Dënschdeg engem Bauer bei der Aarbecht iwwer d'Schëller kucken. Ofgesinn vun deene groussen Trakteren a Kipper, war d'Staune grouss, wéi dee risege Méidrescher op d'Feld koum. Mat Gummi-Ketten, fir ugedriwwen ze ginn, huet déi Schneit eng Breet vun ganzer 9 Meter. Et geet net duer, sech hannert d'Steierrad ze setzen, Nee, iwwerleeën, programméieren an ausrechnen ass och gefrot. Virdeeler huet een, wann ee sech mat Informatik auskennt, well e Bauer ass laang net méi nëmmen e Bauer, mä si hunn och enorm vill Technik op hiren Gefierer an Zum Beispill fir de Méidrescher brauch een den Camionsführerschäin.
Leider ass dëst Joer een dréchent Joer, dofir ass d'Recolte net esou deck ausgefall, eleng op dësem Stéck waren et lescht Joer 80 bis 85 Ronnballen dëst Joer si se frou, wann et der 50 bis 60 ginn. Dëst Joer ass jo alles anescht, dëst Joer geet eh an d'Geschicht an.
Mä fir de Guy vum Schleederhaff ass dat näischt Neies, well si si well an der 4 Generatioun Bauer an do kennt ee seng Héichten a seng Déiften, wat awer hire Bouf de Ben net drun hënnert, den Haff spéider als 5 Generatioun z'iwwerhuelen. Hien ass haut a jonke Jore well mat Läif a Séil derbäi. Mä den Haff ass net nëmme bekannt als laangjäregen Traditiouns- a Familljebetrib et ass och d'Gebuertshaus vum fréieren Bëschof Léon Lommel.