Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Leider sinn och eis Vakanze wéi deenen anere Leit hir dëst Joer an d'Waasser gefall. Mee dofir loosse mir de Kapp net hänken an duechten eis, wisou solle mir net eis Vakanz am Norde vun eisem wonnerschéine Ländche maachen? Net laang gezeckt hu mir eis een Hotel zu Klierf fir 2 Nuechte gebucht an eis Bongen ageléist. E Mëttwoch bis e Freideg hu mir eise schéinen Norde besicht. D'Gemeng Klierf setzt sech aus 17 Uertschaften an e puer Millen an Häff zesummen, mee de Kaesfurt an de Lausdorn gehéieren och dozou.
Iwer d'sozial Medien hu mir eis Frënn a Kolleege gefrot, wat mir musse gesinn hunn, resp. wat mir net duerfe verpassen. A séier war de Plang vu Klierf a sengen Uertschafte gemaach. Mir wollten all Rot esou gutt wéi méiglech befollegen. Mir hunn, wéi eise Plang war awer, all Uertschaft vu Klierf gemaach, versicht hu mer och, all Haff resp. Millen ze fannen, war allerdéngs net ëmmer ganz einfach war. Mee och mat de Leit aus den Uertschaften hu mir eis ënnerhalen, esou och mat engem Uespelter, deen huet haut 83 Joer an huet 1951 wärend 4 Joer eng Léier bei de Pateren zu Klierf gemaach als Buchbënner. Duerno misst hie fir 1 Joer an d'Arméi an no sengem Joer ass hien zeréck bei Patere gaangen, natierlech war du seng Plaz als Buchbënner verginn an hien huet 1956 nees fir 1 Joer bei de Pateren um Bauerewiese gehollef. Uschléissend goung hien op d'Schmelz an huet e gudden Deel vu sengem Liewen am Minett verbruecht, iert hien erëm no der Pensioun zréck op Urspelt koum.
252 Kilometer duerch den Norden hu mir mam Auto gemaach an 22,5km zu Fouss.
Op verschiddene Plaze si mir gelant, bei der Helzer Klaus, esou wéi zu Boxer beim erofgefalene Militärfliger mat de Grafsteng vun den eenzelen Zaldoten. Natierlech hu mir och eng ganz Rei Monumenter, déi un d'Krichszäit erënneren, begéint an am Bild esou wäit wéi méiglech festgehalen.
Ma och déi kulinaresch Ecker hu mir net verpasst, wéi zum Beispill d'Robbesscheier zu Munzen hu mer besicht an d'Ourdaller Brauerei am Cornelys Haff zu Hengscht an de Restaurant Le Château zu Klierf ware mir op Rot vu Kolleegen och testen.
Allgemeng ka Klierf houfreg op seng kulinaresch Kiche sinn, well fir jiddereen ass eppes do, sief et fir moies ze brunchen oder owes relax op enger Terrass eng Pizza z'iessen. Do geet keen hongereg Heem.
Mee op den Dräilännereck ware mir och kucken. Impressionnant ass et schonn an op jiddwer Fall een Ausfluch wäert.
Eisen Norden huet och vill flott Autopedestren ze bidden, well do si mir dëst Joer och op de Goût komm, a sou munch Kilometer hu mir schonn zu Fouss hannert eis. Alles hu mir nach net gesinn,awer d'Joer ass jo nach net eriwwer a mir wäerte sécher nach deen een oder anere Kilometer am Norden verbréngen .