Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Text vun der LSG (Luxemburger Saatbaugenossenschaft):
D'LSG ass 1960 gegrënnt ginn, aktuell huet d'Genossenschaft 75 aktiv Memberen, déi Käre fir d'Saatgutproduktioun vermehren. Den Undeel u Bio-Saatgut gëtt lues a lues méi grouss. Nieft dem Saatgut hu mir och e grousst Sortiment u Kléi a Grasmëschunge souwéi Spezialmëschunge fir Fräizäit- a Sportsterrainen. Donieft bidde mir och Tëschefruuchtmëschungen, Mais a Raps un. Et schaffen insgesamt 12 Leit bei LSG. Ënner anerem beliwwere mir och d'Baueren, déi beim Label „Produit du terroir“ matmaachen. Hei schaffe mir ganz enk mat der Mille vu Klengbetten zesummen, fir de Baueren déi Zorten ze liwweren, déi eng gutt Qualitéit u Miel bréngen.
Zanter kuerzem si mir op eisem neie Produktiounssite zu Colmer-Bierg nieft der A7 aktiv. Eisen neien Tuerm, wou Maschinnen dra stinn, fir Kären ze botzen, huet eng Héicht vu 45 Meter. Nieft dem Tuerm sinn d'Silozellen, wou eis Kären dra gelagert ginn. Opgrond vum Covid-19 gouf eise Chantier, esou wéi vill anerer, zougemaach. Dëst huet eis ee Retard bruecht, dee mir trotz alle Beméiungen net konnten ophuelen, esou datt eis Clienten hiert Saatgut leider mat e bësse Verspéidung kréien. Opgrond vun der neister Technik ass d'Qualitéit vun eisem Saatgut awer sécherlech besser wéi bei eiser aler Anlag zu Miersch.