Am Automag vun haut huele mer zesumme mam Andy Brücker e Japaner ënnert d'Lupp, bei deem sengem Numm Auto-Enthousiasten automatesch direkt u Rallye denke mussen. Et geet ëm de Subaru Impreza. Bei eisem Testauto goung et awer net ëm den WRX STi, ma ëm den e-Boxer.