D’Kompaktklass huet bei Citroën Traditioun; egal ob BX, ZX, Xsara oder C4, déi franséisch Traditiounsmark war en dësem Segment ëmmer vertrueden. No enger relativ laanger Paus koum dann elo endlech och déi nei Generatioun vum C4. Als Verbrenner an – als grouss Première – vollelektresch. De Paul Origer war fir eis op der Presentatioun an der Belsch dobäi.