Mir dréine 6 Joer zeréck; wat fréier ee legendäre Modell vu Citroën war, stoung op eemol fir eng komplett eegestänneg Mark – DS! All Joers sollt een neie Modell kommen, dee Plang ass awer net esou opgaangen. Elo, 6 Joer méi spéit huet DS ganzer 2 Modeller am Portfolio; déi zwee SUV DS3 an DS7 Crossback. Als kleng Iwwerraschung virun Niklosdag huet d’Premiumspart am PSA-Konzern awer elo spontan emol säi Flaggschëff presentéiert: den DS9! Fotoe vum Paul Origer.