![]()
1. Januar: Brand am Zoo zu Krefeld: 30 Déiere sinn duerch d'Feier gestuerwen, dorënner Afen a Villercher. Ausléiser waren Himmelslanteren. / ©
AFP
![]()
8. Januar: Megxit: De Prënz Harry a seng Fra Meghan hunn onerwaart ugekënnegt, dass si sech wëlle vun hire royale Flichten zeréckzéien an "finanziell onofhängeg" ginn. / ©
AFP Forum
![]()
24. Januar: Bannent e puer Deeg ass e Spidol mat 1.000 Better zu Wuhan entstanen. D'Biller vum Chantier weisen eng enorm Zuel vu Baumaschinne gläichzäiteg um Terrain, dorënner 35 Baggeren an 10 Bulldozer. / ©
AFP Forum
![]()
31. Januar: De Waringo-Rapport iwwert de Fonctionnement hannert de Mauere vum Haff gouf offiziell public gemaach. De fréieren IGF-Direkter Jeannot Waringo huet eng Zort "Screening" gemaach a seng Impressiounen opgeschriwwen an opgelëscht. Eng vun den Haaptaussoen am 44 Säite laangen Text war: "De Fonctionnement vun der Monarchie muss reforméiert ginn". / ©
RTL-Grafik
![]()
31. Januar: Brexit: Groussbritannien huet d'Europäesch Unioun offiziell verlooss. / ©
AFP
![]()
7. Februar: 30.000 Mënsche feiere Massenhochzäit a Südkorea. Un de Festivitéiten deelgeholl hu Koppelen aus 64 ënnerschiddleche Länner. Vill vun hinnen hu sech kuerz virun der Hochzäit eréischt kennegeléiert. / ©
AFP
![]()
18. Februar: Déi professionell Musekerin Dagmar Turner huet wärend hirer Operatioun Gei spillt. D'Dokteren hunn hir missen en Tumor aus dem Kapp eraushuelen. / ©
AFP Forum
![]()
1. Mäerz: Ob Bus, Tram oder Zuch: Zanter dem 1. Mäerz ass den ëffentlechen Transport am ganze Land gratis. Domat ass Lëtzebuerg dat éischte Land weltwäit, an deem weder Awunner, nach Touristen oder Frontaliere musse bezuelen, fir mam ëffentlechen Transport ze fueren. / ©
AFP, AFP Forum, Domingos Oliveira
![]()
Mäerz: D'Zuel vun den Déieren, déi bei de Bëschbränn an Australien (Oktober 2019 bis Mäerz 2020) ëm d'Liewe komm sinn, ass méi héich, wéi ugangs ugeholl. WWF-Berichter no wiere ronn 3 Milliarden Déiere gestuerwen oder goufen aus hirer Heemecht verdriwwen. Op d'mannst 26 Persoune sinn de Flamen zum Affer gefall. 12 Milliounen Hektar Land goufen zerstéiert. / ©
AFP
![]()
13. Mäerz: Voll Caddien, eidel Rayonen: D'Pandemie hat d'Leit zu Hamsterkeef verleet. Ëmmer nees stoungen d'Clienten an de Geschäfter virun eidele Regaler. Virun allem Toilettëpabeier, Konserven, Nuddelen, Räis an Hygiène-Produite goufen en masse kaf. / ©
RTL
![]()
13. Mäerz: "Virus-Blues": Italienesch Awunner hunn zesummen op hire Balcone wärend der Ausgangsspär musizéiert. Vum Norde bis an de Süde vum Land stounge si all Dag ëm déi selwecht Zäit um Balcon, hu gesongen, gedanzt oder en Instrument gespillt, fir zesumme géint d'Angscht, Langweil an Isolatioun wärend dem Confinement virzegoen. / ©
AFP
![]()
19. Mäerz: Positiv Auswierkunge vun der Corona-Pandemie op d'Ëmwelt: Zu Venedeg huet sech d'Lagun zum Deel erholl gehat, well vill manner Schëffer duerch d'Gewässer gefuer sinn. D'Waasser an de Kanäl war nees kloer an nei Fëschbestänn konnte sech entwéckelen. / ©
AFP
![]()
22. Mäerz: Den Giuseppe Corbari huet eng Mass viru lauter Fotoe gehalen. Op de Biller ginn déi Leit ofgebillt, déi soss ëmmer sonndes an der Kierch zu Giussano (Italien) sëtzen. Wéinst der Pandemie hunn ëmmer méi Kierchen a Gotteshaiser op virtuell Massen zeréckgegraff. / ©
AFP Forum
![]()
24. Mäerz: D'Olympesch Spiller hu misse wéinst der Corona-Pandemie ofgesot an op 2021 verréckelt ginn. Nieft dësem wichtege Sport-Event hunn och anerer, wéi zum Beispill d'Europameeschterschaft am Futtball missen annuléiert ginn. / ©
AFP
![]()
6. Abrëll: De Coronavirus hat och en Impakt op d'Gastronomie. Vill Restauranten a Bäckereien hunn hir Produiten op eng kreativ Aart a Weis der sanitärer Kris ugepasst. Eng Bäckerei zu Dortmund huet zum Beispill Kuch a Form vun Toilettëpabeier verkaf gehat. / ©
AFP Forum
![]()
9. Mee: Zoue Grenzen um Europadag. Frankräich, Däitschland an d'Belsch haten d'Grenzen zu Lëtzebuerg temporär zougemaach, fir d'Verbreedung vum Virus anzedämmen. / ©
RTL
![]()
10. Mee: Gebuert vum Prënz Charles, éischte Fils vun der Ierfgroussherzoglecher Koppel an domat och 2. an der Trounfolleg. / ©
Cour GD / Sophie Margue
![]()
25. Mee: De 46 Joer alen Afroamerikaner George Floyd ass zu Minneapolis wärend engem Policeasaz gestuerwen. Wärend Minutten huet hien ëmmer nees zu de Beamte gesot, dass hien net ootme kéint, éier hie vu sech koum. Dem Floyd säin Doudesfall huet weltwäit fir Protester gesuergt ënnert dem Motto: "Black Lives Matter". / ©
AFP
![]()
30. Mee: Éischt bemannte SpaceX-Missioun. D'privat Entreprise vum Elon Musk huet eng Rakéit mat den US-Astronauten Doug Hurley a Bob Behnken bei d'ISS geschéckt. / ©
AFP, AFP Forum, Domingos Oliveira
![]()
4. Juni: Desinfektiounsmëttel sinn zum alldeegleche Begleeder ginn. Fir d'Leit drun ze erënneren, hir Hänn propper ze halen, waren an Thailand an engem Akafszenter Roboter-Hënn mat Desinfektiounsmëttel um Réck ënnerwee. / ©
AFP
![]()
22. Juni: E Quartett fir Planzen: Den éischte Concert an der Oper zu Barcelona gouf nom Lockdown ënnert ganz besonneschen Ëmstänn gespillt. Aus Sécherheetsgrënn duerfe keng Mënschen am Publikum sëtzen, dowéinst huet ee ganzer 2.292 Planzen am Gran Teatre del Liceu verdeelt. / ©
AFP Forum
![]()
24. Juli: Aussergewéinlech Rettungsaktioun an England: E 55 Kilo schwéiere Bernhardiner huet missen aus de Bierger gerett ginn. 16 Secouristen hu sech ofgewiesselt an de Mupp Daisy wärend 5 Stonnen de Bierg erofgedroen. / ©
AFP
![]()
4. August: Am Hafe vu Beirut koum et zu enger uerger Explosioun. 149 Mënsche sinn ëm d'Liewe komm, ronn 300.000 Persounen hunn hiert Doheem verluer. Ursaach war e Feier, dat 2.750 Tonnen Ammoniumnitrat explodéiere gelooss huet. / ©
AFP
![]()
5. August: Op der éischter Etapp vum Tour duerch Polen gouf et eng schwéier Chute am Sprint. Am schlëmmsten hat et de Fabio Jakobsen erwëscht. Hie louch duerno am kënschtleche Koma, mëttlerweil geet et him nees besser an hie konnt och schonn nees Vëlo fueren. / ©
AFP
![]()
9. August: Den Aljaksandr Lukaschenka soll d'Presidentschaftswalen a Belarus mat 80 Prozent vun de Stëmme gewonnen hunn. Säi wichtegste Géigekandidat gouf am Virfeld festgeholl. Landeswäit koum et zu Protester, dem Lukaschenka gouf Walmanipulatioun virgehäit. Dausenden Demonstrante goufe festgeholl. / ©
AFP
![]()
16. August: E japanescht Cargoschëff war viru Mauritius op Gronn gelaf. D'Schëff huet fir eng grouss Uelegkatastroph gesuergt. / ©
AFP
![]()
20. August: De russesche Kremlkritiker Alexej Nawalny gouf wärend engem Fluch op Moskau krank. De Verdacht, dass hie vergëft gouf, gouf déi Woche méi spéit confirméiert. Hien ass den 22. September aus dem Koma erwächt. D'Attack op den Nawalny mam Nervegëft Nowitschok huet zu internationale Spannunge mat Russland gefouert. / ©
AFP
![]()
23. August: Bayern München huet d'Uefa-Champions-League-Finall géint Paris Saint-Germain mat 1:0 gewonnen. Domat goung den Titel eng 6. Kéier un den däitsche Veräin. Donieft huet den FCB och nach d'Championnat an den DFB-Pokal an Däitschland gewonnen. / ©
AFP
![]()
9. September: D'Flüchtlingslager Moria huet op der griichescher Insel Lesbos gebrannt a gouf komplett zerstéiert. Iwwer 12.000 Flüchtlingen hu missen evakuéiert ginn. De Brand huet europawäit fir Diskussioune gesuergt an d'Flüchtlingsdebatt nei lancéiert. / ©
AFP
![]()
15. September: Israel, Emirater a Bahrain hunn historescht Friddensofkommes ënnerschriwwen. / ©
AFP
![]()
18. September: Op der leschter Etapp vum Tour de Luxembourg stoung op eemol e Camion um Circuit. D'Coureure konnten zum Gléck bremsen, esou datt kengem eppes geschitt ass. / ©
Screenshot RTL Télé Lëtzebuerg
![]()
20. September: Den Tadej Pogacar huet sech iwwerraschend d'Victoire am Tour de France geséchert. De Slowen war donieft och dee beschte jonke Coureur an dee stäerkste Biergfuerer. / ©
AFP
![]()
7.Oktober: Wärend der TV-Debatt tëscht dem aktuelle Vize-President Mike Pence an dem Kamala Harris, souz wärend e puer Minutten eng Méck um Kapp vum Pence, wat et dem Public schwéier gemaach huet, fir den Inhalter vum Republikaner nozelauschteren. / ©
AFP
![]()
16. Oktober: Den Enseignant Samuel Paty gouf bei enger islamistescher Attack ëmbruecht gouf, well hien eng Mohammed-Karikatur a sengem Cours iwwer Meenungsfräiheet gewisen hat. Ënnert dem Motto "Je suis Prof" gouf a ganz Frankräich un de Verstuerwene geduecht. / ©
AFP
![]()
30. Oktober: Um Punkt 23 Auer gouf de Couvre-feu zu Lëtzebuerg agelaut. Déi éischt Nuecht war zu Lëtzebuerg e gudde Krack méi roueg wéi soss. Vereenzelt war eng Persoun oder mol en Auto ze gesinn. / ©
Domingos Oliveira
![]()
31. Oktober: Neie Berliner Fluchhafe BER huet seng Dieren opgemaach, 9 Joer méi spéit, wéi ugangs virgesinn. Wéinst der Corona-Pandemie, ma awer och wéinst de ville Pannen, déi d'Ouverture ëmmer nees verréckelt hunn, a wéinst der Käschtenexplosioun vum Projet, gouf et keng grouss Feier. / ©
AFP
![]()
2. November: 4 Persoune si bei engem Terroruschlag zu Wien ëm d'Liewe komm, 23 Leit goufen zum Deel schwéier blesséiert. Ënnert de Verwonnte war och ee Lëtzebuerger. / ©
AFP
![]()
2. November: Op eng éischter aussergewéinlech Manéier ass e Metro zu Spijkenisse an der Géigend vu Rotterdam ofgebremst ginn. D'Maschinn krut aus bis ewell nach ongekläerte Grënn net méi rechtzäiteg gebremst an ass eréischt op engem ronn 10 Meter héije Konschtwierk zum Stoe komm. / ©
AFP
![]()
3. November: Knapp véier Deeg nom uergen Äerdbiewen an der Tierkei hu Secouristen zu Izmir dat 3 Joer aalt Ayda Gezgin ënnert engem Haus, dat an de Koup gefall war, gerett. / ©
AFP
![]()
7. November: Den Demokrat Joe Biden huet d'Presidentiellen an den USA fir sech entscheet. / ©
AFP
![]()
16. November: El Paso County: Prisonéier hunn Dosende Corona-Läichen a Killween gelueden, well d'Morguen iwwerfëllt waren. / ©
AFP
![]()
23. November: Éischte Kéier, dass nëmmen afroamerikanesch Arbittere bei engem NFL-Match um Terrain stoungen. / ©
AFP
![]()
29. November: Horror-Crash vum franséische Formel-1-Pilot Romain Grosjean. No enger Kollisioun mat der Leitplank ass d'Gefier vum Fransous a Flamen opgaangen an ass dobäi an zwee Deeler gebrach. Hien ass mat liichte Verbrennungen un den Hänn dovu komm. / ©
AFP
![]()
1. Dezember: Amokfaart zu Tréier, bei där 5 Mënschen hiert Liewe verluer hunn, dorënner och e Puppelchen. 24 weider Persoune goufe blesséiert. / ©
AFP
![]()
8. Dezember: Déi 90 Joer al Brittin Margaret Keenan war déi éischt Persoun a Groussbritannien, déi mam Vaccin vu Pfizer/Biontech geimpft gouf. Groussbritannien war dat éischt Land an Europa, dat de Vaccin zougelooss hat. / ©
AFP
![]()
13. Dezember: Aweiung vun der neier Tram-Streck tëscht der Stäreplaz an der Gare. Den 10. Dezember ass den Tram eng éischte Kéier um neie Tronçon gefuer. / ©
Domingos Oliveira
![]()
13. Dezember: De Lewis Hamilton huet fir d'7. Kéier de Weltmeeschtertitel an der Formel 1 gewonnen. De Mercedes-Pilot ass domadder mam Rekordgewënner Michael Schumacher gläichgezunn. Déi Rekord vun de meeschte Victoiren ass zanter dëser Saison säin. / ©
AFP
![]()
16. Dezember: Den "Charlie Hebdo"-Prozess gëllt als historesch, well et de bis ewell gréisste Prozess wéinst islamisteschen Attacken a Frankräich ass. D'Prisongsstrofe fir déi Verurteelt gi vu 4 Joer bis liewenslänglech. / ©
AFP
![]()
19. Dezember: De Romain Vandendorpe huet a Frankräich en neie Weltrekord opgestallt. Hie souz 2 Stonnen, 35 Minutten an 43 Sekonnen an Äiswierfel. / ©
AFP
![]()
21. Dezember: D'EU-Kommissioun huet d'Autorisatioun fir den Impfstoff vum Konzern Biontech-Pfizer ginn. De selwechten Dag hat d'Ema, d'Europäesch Medikamentenagence, hir Recommandatioun ginn. / ©
AFP