Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
De Patton kuckt elo nach op 2 Brécken.
1951 gouf déi aktuell Bréck gebaut, si ass 100 Meter laang, 14 Meter breet an huet 5 Béi. Mat enger Héicht vun 6m80 ass och deemools well an d'Zukunft gekuckt ginn, fir wann emol elektresch Leitunge misste gezu ginn. Fir Zich war dat alles scho virprogramméiert.
Spannbéi an Drosockele bestinn aus Haussteng aus de Steebréch hei aus dem Land, enner anerem vu Gilsdref, Bettenduerf, Iechternach, Bollenduerf, Iernzen an Dillingen.
E knappt Joer méi spéit, de 14. August 1952 gouf se well ageweit. 50 Joer méi spéit also 2001 sollt se awer renovéiert ginn, an dat fir ronn 3.7 Milliounen €. Wärend der Sanéierungsphas hate mer eng Noutbréck amplaz gebaut krit, dat war deemools déi längst aus Europa mat ganzer 110 Meter Längt.
2021 geet elo eng Ära op eng Enn, a si gëtt duerch eng nei Bréck ersat. Woubäi de Patton do keng esou gutt Siicht méi huet, well déi nei Bréck ass e gutt Stéck méi héich. Allerdéngs ass hien net deen Eenzegen, deem Siicht geholl gouf, well och mir, respektiv eis Touriste gesinn de Panzer an d'Patton-Monument och net méi beim laanscht fueren.
Déi nei Bréck krit elo 177 Meter Längt, gëtt 17 Meter breet a kascht ronn 15 Milliounen €. Si besteet aus 1 Vëlosspuer, 1 Foussgängerwee, 2 Fuerspuere fir Autoen an 1 Busspuer.
Dat Stéck vun der aler Bréck, wat iwwer d'Eisebunn geet, soll viraussiichtlech an der Ouschtervakanz ewechgeholl ginn.