Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am Kader vun enger Lëtzebuerger Presentatioun huet BMW eng ganz Rëtsch nei Motorisatioune virgestallt, dorënner en neien Topmotor, en neien Diesel an een Hybrid. Den Highlight vun dëser Presentatioun fiert awer mat Stroum - wat d’Elektrifikatioun ugeet, war BMW mat de Modeller i3 an i8 jo schonn ee vun de Pionéier, elo kritt d’i-Gamm mam neien iX3 Zouwuess. De Paul Origer war fir eis dobäi.