Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Waarkener Jeckelen haten dëst Joer och nees hir Jeckels-Kirmes zu Waarken. Vill Leit waren op Waarken komm fir déi 3 Editioun, well si bidden ëmmer fir Grouss a Kleng eppes un. Natierlech ouni déi 3 G Reegel goung et net. Moies fréi sinn d' Leit vun den Traktere kontrolléiert ginn an wéi déi um Tuer waren koum en d'Gäscht un d' Rei. Kiermes-Menu deen een am Virfeld huet mussen bestellen war Paschtéit mat Fritten an Zalot fir all déi aner gouf de ganzen Mëtteg gegrillt, awer Glace an Eisekuchen hunn als Dessert och net gefeelt bei dem herrlechen wieder. Fir Attraktioun war awer och gesuergt, e Schmadd war do fir säin Handwierk ze weisen, an den Trial club Waarken huet sech et net huele gelooss fir hire Sport ze weisen an hunn do och permanent Showen ofgehal. D'Ettelbrécker Musek huet Concert Apéritif gespillt an den Ever Dance huet iwwer de Mëtteg fir Danzmusek gesuergt. Mee och d'Noperen d'
Feelener Strëpp war och do an huet eis e puer flott Stecker aus hirem Repertoire gespillt. Trotz dem ganzen Misär an den leschten Deeg waren et e puer flott Stonnen, wou een mol konnt ofschalten an kuerzzäiteg un eppes anescht denken.