Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
E Samschdeg de Mëtteg war Stackelser Intecourse an Hobbymaart an Ettelbréck. De ganzen Dag war fir Animatioun gesuergt. Den Hobbymaart war an der Groussgaass verdeelt, 100 Stänn hunn hier Hobbyen de Leit presentéiert. D'Wieder huet matgespillt a vun 12 Auer un huet d'Amicale vun den Pompjeeën Ettelbréck de Leit hire virbestallte Menü zerwéiert. Schéin ofgetrennt um Parking konnt ee mat engem Covidcheck de Site besichen oder awer et huet een e Schnelltest op der Plaz gemaach.
Um Punkt 16 Auer sinn dunn d'Inte schwammen gaangen an et hat fir vill Zuschauer gesuergt. Natierlech huet jidderee gehofft, seng Int déi en adoptéiert hat, géing wannen.