Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
1227km2 grouss, also ongeféier d’Hallschent vum Lëtzebuerger Land, awer mat grad mol 24.000 Awunner ganz dënn besidelt. Dobäi kommen awer dann eng ganz Häerd Schof, déi et sech och emol op der Strooss gemittlech maachen.
Méi lukrativ fir d’Awunner ass d’Fëscherei. 65.000 Tonne Kabeljau a Saumon kommen do am Joer zesummen. Eng Regioun an der norwegescher Provënz Nordland mat ganz ville klengen Insele ronderëm. Déi gréisst si mat Brécken oder Tunnele matenee verbonnen. Svolvaer ass mat 4.000 Awunner déi gréisste Stad.
Landschaftlech besonnesch attraktiv sinn d’Fjorden.
De Christian Schmit hat Geleeënheet op enger Porsche-Presentatioun, dës Géigend kennenzeléieren. Hei seng Impressiounen, déi hien eis mat bruecht huet.