Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Déi norwegesch Haaptstad um Oslo Fjord beandrockt duerch eng eenzegaarteg Variatioun. Mam Flytoget-Zuch ass e vum Flughafe Gardemoen, dee 50 km nërdlech vun Oslo läit, an 20 Minutten an der City.
Do liewen haut bal 700.000 Awunner. Oslo huet eng Geschicht, déi bis an d’Joer 1000 zeréckgeet. D’Festung Akerhus aus dem Mëttelalter ass sécher e Besuch wäert, an deen ass och nach gratis.
Vill Attraktiounen an interessant Gebaier loosse sech prima ze Fouss erliewen. Wéi déi modern Oper, d’Warzeeche vun der Stad, d’Stadhaus, den Nobelpräis-Musée, awer och den Doum, Regierungsvéirel mam Parlament, an dat kinneklecht Schlass.
Dat modernt Oslo kann ee sech dann am Quartier Aker Brygge ukucken. Hei leien deier Yachten a gläich niewendru ganz luxuriéis Wunnengen a Restauranten.
Vun hei aus kann een dann och op d’Schëff, an d’Skyline vun Oslo, an d‘Fjordlanschaft ronderëm vum Waasser aus bewonneren.
Impressioune vum Christian Schmit, déi hie vun enger Presserees mat Porsche matbruecht huet.