![]()
1. Januar: Groussbritannien huet den EU-Bannemaart an d'Zollunioun verlooss. / ©
AFP
![]()
6. Januar: Den US-Kapitol gouf gestiermt. Wärend am Kapitol selwer den Joe Biden als President vum Senat sollt confirméiert ginn, hu sech virun den Dieren Demonstrante versammelt. Ugangs hunn d'Trump-Supporter nach friddlech demonstréiert, dunn ass d'Situatioun eskaléiert. / ©
AFP
![]()
14. Januar: De Siegfried Fischbacher ass gestuerwen. Den 81 Joer alen Zauberer aus dem Duo "Siegfried und Roy" ass no enger schwéierer Kriibserkrankung zu Las Vegas verscheet. / ©
AFP
![]()
20. Januar: Den Joe Biden gouf de 46. US-President. D'Kamala Harris gouf éischt Vizepresidentin vun den USA. / ©
AFP
![]()
20. Januar: De Bernie Sanders gouf duerch säin Outfit zum viralen Hit. Well dëst Bild net an de formelle Kader vun der Amtsaféierung gepasst huet, hu sech vill Internetnotzer e Spaass doraus gemaach... Ënnert dem Hashtag #Berniesmittens oder der Bezeechnung "grumpy chic" si kreativ Fotomontagë vum Sanders zirkuléiert. / ©
AFP
![]()
23. Januar: Déi US-amerikanesch TV-Legend Larry King ass am Alter vu 87 Joer un de Suitte vu senger Corona-Infektioun gestuerwen. / ©
AFP
![]()
1. Februar: Militärputsch am Myanmar: Bei de brutale Konfrontatioune mat der Arméi sinn iwwer 550 Regime-Géigner an Zivilisten ëm d'Liewe komm. Ënnert hinnen och e puer Dose Kanner. / ©
AFP
![]()
7. Februar: Tampa Bay Buccaneers hunn de Superbowl am eegene Stadion gewonnen. Eng Première an der Geschicht vun der NFL. / ©
AFP
![]()
14. Februar: Rubin-Hochzäit: 40. Hochzäitsdag vun der groussherzoglecher Koppel. / ©
Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
![]()
20. Februar: De Lëtzebuerger Museker an Entertainer Fausti ass am Alter vun 80 Joer gestuerwen. 68 Joer stoung hien op der Bün, am Café, am Cabaret, op den US-Basen, an den Danzsäll a Béierzelter... an heiansdo souguer am Palais. / ©
RTL
![]()
25. Februar: D'Schof Baarack gouf vu 35 Kilo Woll befreit. 2016 huet sech dat australescht Schof vu senger Häerd getrennt. 5 Joer méi spéit gouf et erëmfonnt. A ganz schlechtem Zoustand.
/ ©
AFP
![]()
7. Mäerz: "Sendung mit der Maus" huet 50 Joer gefeiert. / ©
AFP
![]()
11. Mäerz: Den Dieter Bohlen huet als Juror bei DSDS opgehalen. / ©
AFP
![]()
17. Mäerz: Elliot Page als éischten Transgender-Mann um Cover vum Time-Magazine. / ©
AFP
![]()
17. Mäerz: 80 Meter ënner Äis: Den Alexej Moltschanow huet en neien Tauchrekord opgestallt. / ©
AFP
![]()
19. Mäerz: E Vulkanausbroch op Island huet fir spektakulär Biller gesuergt. Beim éischten Ausbroch zanter bal 9 Joerhonnerten huet een islännesche Vulkan den Himmel rout liichte gelooss. / ©
AFP
![]()
23. Mäerz: D'Schëff "Ever Given" ass an e Sandstuerm geroden an op Grond gelaf. Dat 400 Meter laangt Schëff ass dono queesch am Suezkanal hänke bliwwen, virdrun an hannendru gouf et deels Staue vun iwwer 400 Schëffer. / ©
AFP
![]()
9. Abrëll: De Prënz Philip, Mann vun der Queen Elizabeth II., ass am Alter vun 99 Joer gestuerwen. / ©
AFP
![]()
17. Abrëll: De Paul Helminger ass am Alter vun 80 Joer gestuerwen. Den DP-Politiker an Deputéierte war vun 1999 bis 2011 Stater Buergermeeschter, Chef de Cabinet an der Regierung Thorn a vun 79 bis 84 Staatssekretär. / ©
RTL
![]()
25. Abrëll: Fir d'zweete Kéier an der Geschicht gouf eng Regisseurin mat engem Oscar ausgezeechent. De Regiepräis goung un d'Cholé Zhao. / ©
AFP
![]()
28. Abrëll: Den Apollo-11-Astronaut Michael Collins ass gestuerwen. 1969 ass de Michael Collins zesumme mam Neil Armstrong a Buzz Aldrin an den All geflunn. / ©
AFP
![]()
5. Mee: De Kalifornesche Gouverneur-Kandidat hat e liewege Bier mat op eng Walveranstaltung bruecht. Fir sengem Motto "de Schéinen an d'Béischt" trei ze bleiwen, hat den John Cox kuerzerhand e Bier fir säi politeschen Optrëtt organiséiert. / ©
AFP
![]()
10. Mee: De klenge Prënz Charles huet säin 1. Gebuertsdag gefeiert. / ©
Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
![]()
Israel-Gaza-Konflikt: Schlëmmsten Ausenanersetzungen zanter Joren: op d'mannst 248 Palestinenser si gestuerwen an 12 Israelien. Dausende Leit goufe verwonnt.
/ ©
AFP
![]()
10. Juni: D'Queen huet hirem verstuerwene Mann op sengem 100. Gebuertsdag mat enger Rous geduecht. / ©
AFP
![]()
20. Juni: Net schlecht gestaunt huet eng Famill am thailänneschen Hua Hin, wéi et op eemol haart gekraacht huet an hirer Kichen. E wëllen Elefant hat d'Mauer vun hirem Haus mam Kapp duerchstouss a mat sengem Rüssel no eppes z'iesse gesicht. / ©
AFP
![]()
28. Juni: Zu Lytton a Kanada goufen 49,6 Grad gemooss. De kanadeschen Hëtztrekord gouf domat ëm 5 Grad iwwertraff. / ©
AFP
![]()
5. Juli: D'Wonnerkand Laurent Simons krut säi Bachelordiplom mat 11 Joer. De Jong, dee säi Schoulofschloss mat 8 Joer an der Täsch hat an duerno Elektrotechnik zu Eindhoven studéiert huet, huet nëmmen 1 Joer gebraucht, fir e Bachelor an der Physik ze maachen. An dat mat der héchster Auszeechnung, déi et gëtt. / ©
AFP
![]()
De Juli war de wäermste Mount zanter de Wiederopzeechnungen. Wärend de Juli- an Augustméint koum et am Süde vun Europa, am Mëttelmierraum an a Kalifornien zu uerge Bëschbränn. / ©
AFP
![]()
2. Juli: Camana River (Peru): Gesondheetsmataarbechter hu sech op de Wee gemaach, fir eeler Leit z'impfen. / ©
AFP
![]()
8. Juli: An Dänemark steet déi héchst Sandbuerg vun der Welt. D'Buerg, déi un eng Pyramid erënnert, huet eng Héicht vun 21,16 Meter. / ©
AFP
![]()
11. Juli: Italien huet d'Europameeschterschaft mat engem Schlussresultat vun 3:2 géint England gewonnen. / ©
AFP
![]()
14.-15. Juli: Iwwer 184 Leit sinn am däitsche Grenzgebitt wärend den Iwwerschwemmungen ëm d'Liewe komm. An der Belsch waren et op d'mannst 23 Doudesaffer. / ©
AFP
![]()
14.-15. Juli: Och Lëtzebuerg gouf uerg vun der Héichwaasser-Katastroph getraff. / ©
RTL
![]()
15. Juli: Den hollännesche Journalist Peter de Vries ass gestuerwen. De Kriminalreporter war de 6. Juli bei engem Attentat zu Amsterdam schwéier blesséiert ginn. Den de Vries war reegelméisseg als Spriecher vun Affer an Zeie bei Prozesser opgetrueden. Fir d'lescht war hie Vertrauenspersoun vun engem Zeien an engem grousse Prozess géint organiséiert Verbriechen ëm de Ridouan Taghi, dee schonn am Prisong sëtzt. Am Zesummenhang mam Prozess war schonn 2019 den Affekot vum Zeien erschoss ginn. / ©
AFP
![]()
18. Juli: Den Tadej Pogačar huet fir d'zweete Kéier hannerteneen den Tour de France gewonnen. / ©
AFP
![]()
27. Juli: Explosioun am Chemiebetrib zu Leverkusen. De Bilan louch bei 5 Doudesaffer an 31 Blesséierten. / ©
AFP
![]()
2. August: No 27 Joer Bestietnis hu sech de Bill an d'Melinda Gates scheede gelooss. / ©
AFP
![]()
4. August: De Golden Retriever "Pokaa" ka Corona-Infektiounskrankheeten erschnoffelen a war als éischte Covid-Spierhond a Frankräich an engem Altersheem am Asaz. / ©
AFP
![]()
7. August: De Charel Grethen als grouss Iwwerraschung an der Lëtzebuerger Delegatioun. Hie gouf den 12. an der Finall iwwer 1500 Meter bei den Olympesche Spiller zu Tokio. / ©
photo by SPORTS NEWS & PHOTO Agency
![]()
14. August: Uergt Äerdbiewen op Haiti: Iwwer 2.000 Persoune si gestuerwen. Méi wéi 7.000 Haiser goufen zerstéiert oder beschiedegt, dorënner och Spideeler, Schoulen a Kierchen. / ©
AFP
![]()
15. August: D'Futtball-Legend Gerd Müller ass gestuerwen, och bekannt ënnert dem Spëtztnumm „Bomber der Nation". / ©
AFP
![]()
15. August: D'Taliban haten déi afghanesch Haaptstad Kabul eruewert. Dausende Leit sinn doropshin aus dem Land geflücht. / ©
AFP
![]()
28. August: Ongewéinlech Biller: d'Taliban sinn arméiert an en afghanesche Fräizäitpark mat klenge Booter gefuer an hu sech dobäi amüséiert. / ©
AFP
![]()
30. August: Op d'mannst 46 Leit si wärend dem Hurrikan "Ida" ëm d'Liewe komm. Op ville Plazen huet et bannent kierzter Zäit souvill gereent, wéi nach ni virdrun. Fir New York gouf et fir d’éischt an der Geschicht iwwerhaapt en Noutstand wéinst Iwwerschwemmungen. Iwwer 1 Millioun Mënsche waren an den US-Staate Louisiana a Mississippi ouni Stroum. / ©
AFP
![]()
13. September: Den Arc de Triomphe gouf verpak, ganz no de Pläng vun der verstuerwener Kënschtler-Koppel Christo a Jeanne-Claude. / ©
AFP
![]()
18. September: Den Akrobat Nathan Paulin ass 670 Meter op engem dënnen "Drotseel" vum Eiffeltuerm iwwert d'Seine balancéiert. / ©
AFP
![]()
19. September: Op der kanarescher Insel La Palma ass e Vulkan ausgebrach. / ©
AFP
![]()
28. September: De Sébastien Thill huet mat sengem Dramgol fir d'Victoire vu Sheriff Tiraspol géint Real Madrid an der Champions League gesuergt. / ©
AFP
![]()
Oktober: Ouverture vum Lëtzebuerger Pavillon zu Dubai. / ©
RTL
![]()
3. Oktober: Bei naassem Wieder, vill Bulli a rutschege Stroosse sinn d'Coureuren un den Depart gaangen. De Jempy Drucker ass als eenzege Lëtzebuerger bei "Paris-Roubaix" ukomm. Bei de Fraen ass d'Lëtzebuergerin Christine Majerus matgefuer. Dëst war déi éischte Kéier, dass Fraen un der Course deelhuele konnten. / ©
AFP
![]()
13. Oktober: De Captain Kirk ass deen eelste Mann am All: De William Shatner ass mat enger Rakéit vu Blue Origin fir e puer Minutten an de Weltraum geflunn.
/ ©
AFP
![]()
13. Oktober: "Terrorakt" mat 5 Doudegen an 2 Blesséierten an der norwegescher Stad Kongsberg. E Mann huet mat Feil a Bou op Passante geschoss. / ©
AFP
![]()
16. Oktober: Maske-Verweigerer huet 20 Joer ale Mataarbechter vu Bensinsstatioun zu Idar-Oberstein erschoss. / ©
AFP
![]()
21: Oktober: Bei Dréiarbechte vun engem Hollywood-Film koum et zu engem trageschen déidlechen Accident. Den US-Schauspiller Alec Baldwin huet d'Kamerafra Halyna Hutchins erschoss an de Regisseur Joel Souza blesséiert. / ©
AFP
![]()
24. Oktober: 6. Doudesaffer ass bal 1 Joer no der Amokfaart zu Tréier gestuerwen, déi den 1. Dezember 2020 war. / ©
AFP
![]()
25. Oktober: 25. Joresdag vun der éischter "Marche Blanche". 300.000 Leit hate sech deemools fir déi Marche an der belscher Haaptstad versammelt, dat am Kader vun de Revelatioune vun der Affär ëm de Kannermäerder Marc Dutroux. / ©
AFP
![]()
30. Oktober: D'Hierkonft vum Coronavirus ass weider onkloer. Wéi et engem Rapport vum amerikanesche Geheimdéngscht geheescht huet, wier souwuel Thees vun engem natierlechen Ursprong probabel grad wéi datt de Sars-Cov-2 aus dem Labo komm ass. D'Thees, de Virus kéint als biologesch Waff entwéckelt gi sinn, gëtt vun de Geheimdéngschter awer verworf. / ©
AFP
![]()
31. Oktober: Optakt vun der Weltklimakonferenz zu Glasgow. Ënnert anerem gouf sech op der COP26 dorobber gëeenegt, dat globaalt Ofholze bis 2030 ze stoppen. / ©
AFP
![]()
3. November: Dat 4 Joer aalt Cleo gouf wärend engem Campingausfluch entféiert. 18 Deeg gouf dat Klengt vermësst, bis déi australesch Police hatt fonnt an nees zeréck bei seng Famill bruecht huet. / ©
AFP
![]()
6. November: No 7 Joer Paus: 13,8 Millioune Leit hu sech de Revival vu Wetten dass...? ugekuckt. Den 71 Joer alen Thomas Gottschalk konnt sech zu Nürnberg iwwer "Standing ovations" an och ganz gutt Aschaltquote freeën. / ©
AFP
![]()
6. November: Maniff géint rigid Ofdreiwungsgesetz a Polen. Zéngdausende Leit hunn nom Doud vun der schwangerer Izabela demonstréiert. Si ass an engem Spidol zu Pszczyna am Süde vu Polen verscheet. Kuerz virdru gouf si mat Problemer an der 22. Schwangerschaftswoch ageliwwert. D'Doktere wollten awer als éischt den Doud vum Fötus ofwaarden. D'Schicksal vun der Verstuerwener huet d'Protester géint d'Ofdreiwungsverbuet verstäerkt. / ©
AFP
![]()
10. November: Mann ouni Äerm a Bee ass duerch den Titicacaséi geschwommen: 122 Kilometer am kale Waasser. Den Amputéierten Théo Curin ass vu Bolivien an de Peru geschwommen. Dat awer net fir e Rekord, mä fir op d'Verschmotzung vum Séi opmierksam ze maachen. / ©
AFP
![]()
11. November: 11 Kleeder wärend 3 Deeg: d'Hotel-Ierwin Paris Hilton an de Carter Reum hu sech d'Jo-Wuert ginn. / ©
AFP
![]()
11. November: 4.016 Meter iwwert dem Buedem: Fransous Remi Ouvrard ass wärend Vol op Ballon geklommen an huet domat de Weltrekord gebrach. / ©
AFP
![]()
11. November: 40. Gebuertsdag vum Ierfgroussherzog Guillaume. / ©
Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
![]()
12. November: D'Britney Spears steet no 13 Joer net méi ënner Tutelle vun hirem Papp. No engem jorelaange Rechtssträit ass d'Britney Spears elo mat 39 Joer endlech "fräi".
/ ©
AFP
![]()
19. November: Längste partiell Mounddäischtert zanter bal 600 Joer. Viru 580 Joer konnten d'Mënschen esou een änlecht Naturspektakel fir d'Lescht gesinn - dat war ongeféier zu där Zäit, an där de Johannes Gutenberg de Buchdrock erfonnt huet. De Mound ass op sengem Trajet bal komplett vun der Äerd verdeckt ginn. Fir genau ze sinn: zu 97,4 Prozent. / ©
AFP
![]()
29. November: D'Sarah de Nutte an d'Ni Xia Lian hunn op der WM am Texas den Exploit fäerdeg bruecht, fir d'Bronze am Dubbel ze gewannen. / ©
ATP / Manfred Schillings
![]()
21. November: Venezuela huet de Rekord mam gréissten Orchester vun der Welt opgestallt. Eng 12.000 Museker, souwuel Erwuessener wéi Kanner vun 12 Joer un hunn zesummen de Slawesche Marsch vum Peter Tschaikowski gespillt. / ©
AFP
![]()
24. November: Op d'mannst 31 Migrante si bei enger versichter Iwwerfaart am Äermelkanal ëm d'Liewe komm. / ©
AFP
![]()
25. November: #Yeswecare: Symbolesch Gedenkminutt am Gesondheetssecteur. D'Initiativ "Yes we care" wollt op d'Situatioun vum Gesondheetspersonal opmierksam maachen. Dës Pandemie huet grouss Konsequenzen, net just op d'Beruffsliewen vum Santéspersonal, ma och am Private weise sech d'Effete vun annerhallwem Joer Drock. Et wollt ee roueg manifestéieren. Dofir gouf sech fir eng Gedenkminutt entscheet. D'Plakater, déi d'Gesondheetspersonal dobäi an d'Luucht gehalen huet, sollte fir sech schwätzen. / ©
RTL
![]()
28. November: Zanter den 80er Jore gëtt 1 Mol am Joer an der Stad Lopburi en All-you-can-eat-Buffet fir Afen organiséiert. Dëst Joer hu sech ronn 1.000 Makacke versammelt, fir zesummen ze frupsen. D'Offer u frëschem Uebst war riseg. / ©
AFP
![]()
2. Dezember: Politesch Kris an Éisträich: Nom Récktrëtt vum Ex-Kanzler Sebastian Kurz huet och säin Nofollger Alexander Schallenberg d'Amt no nëmmen e puer Wochen néiergeluecht. / ©
AFP
![]()
4. Dezember: Bei enger net ugemellter Demonstratioun géint d'Coronamesurë koum et zu Ausschreidungen um Chrëschtmaart a beim Premier sengem privatem Doheem.
/ ©
RTL
![]()
7. Dezember: 80 Joer Pearl Harbor / ©
AFP
![]()
7. Dezember: Dausende Mieresdeckelsmouke hunn hir Eeër un der nicaraguanescher Küst ënner Militärschutz geluecht, well d'Aart virum Ausstierwe bedrot ass. / ©
AFP
![]()
8. Dezember: D'Ära Merkel goung no 16 Joer op en Enn. Den Olaf Scholz gouf neie Bundeskanzler. / ©
AFP
![]()
11. Dezember: De Süden an Zenter vun den USA gouf vu schwéieren Tornadoe getraff. De President Joe Biden schwätzt vun enger vun de schlëmmsten Tornado-Serien an der US-Geschicht. Iwwer 90 Persounen hunn net iwwerlieft. / ©
AFP
![]()
12. Dezember: De Max Verstappen huet sech säin 1. Weltmeeschtertitel geséchert. An enger dramatescher Schlussphas ass et dem Max Verstappen gelongen, de Lewis Hamilton nach an der leschter Ronn z'iwwerhuelen. / ©
AFP
![]()
14. Dezember: Kanner tëscht 5 an 11 Joer kënnen zu Lëtzebuerg vum 14. Dezember u fräiwëlleg geimpft ginn. / ©
AFP