Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Mat senger éischter "Hans Zimmer Live Tour" huet hie weltwäit iwwer eng Millioun Fans an d'Arenaen oder och an d'Stadie gelackelt.D'Escher Rockhal stoung scho 2016 mat engem "Sold Out" op dëser Affiche.
Wéinst der Corona-Pandemie ass déi nei Tour vun 2021 op 2022 verréckelt ginn, esou dass dann elo ee vun den erfollegräichen an aflossräichste Komponisten an der Filmindustrie endlech live erëm ënnerwee ass.
Net méi wéi 30 Concerten a 16 Länner solle bei der "Hans Zimmer Live Europe Tour" bespillt ginn, dobäi soll et dann och eng vun den éischte gréissere Produktioune sinn, déi zanter der Pandemie erëm an Europa ënnerwee sinn.
De gebiertegen Däitschen huet iwwer 200 Filmer mat senger Musek zu Hollywood vertount. Meeschterwierker, déi an de Kinoskeesen iwwer 28 Milliarden Dollar eragespillt hunn. Och seng Vitrinn mat de Präisser däerf sech wuel weise loossen. Dat ënner anerem mat engem Oscar, 3 Golden Globes an nach 12 weideren Oscar-Noméierungen. Zu senge wuel bekanntste Wierker gehéieren och nach "Gladiator", "Lion King","Dark Knight"-Trilogie an nach vill aner Filmer.
Fir déi 12 nei Lidder vun der aktueller Tour anzespillen, hunn déi 130 Museker a Crew-Memberen sech iwwer 15 Méint a verschidde Stied getraff.
Op der grousser Bün selwer stinn 19 Museker, déi op iwwer 300 verschidde Museksinstrumenter hiert aussergewéinlecht Talent weisen, an och hire Chef selwer soll vill aktiv a present sinn. Am Géigesaz zu der éischter Tour ass bei der aktueller Produktioun nach eng méi grouss a imposant Luuchteshow, wéi och eng grouss Videoanimatioun mat dobäi.
Beim aktuelle Programm vun der neier Tour si Kompositioune wéi "Dune","Dark Knight,"Wonder Woman" oder och den "No time to die", de leschte 007-Film mam Daniel Craig, mat dobäi. Awer och Klassiker wéi den "Pirates of the Caribbean" sinn Highlighte vum engem 3 Stonne laangem an op héijem Niveau gespillte Concert.
Um Owend vum Concert selwer sollt et och zu puer méi emouvante Momenter kommen, wéi bei der Presentatioun vum Orchester, wou Memberen aus der Ukrain mat dobäi sinn. Mat Standing Ovations a mat enger blo-gieler Beliichtung goufe si vum Public an der Kölner Lanxess Arena um Dënschdeg den Owend häerzlech begréisst.