Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
D'Gisèle Mathias huet eng Passioun an déi heescht Patchwork, déi si och gär mat aneren deelt. Si rett donieft al Bitzmaschinne virum Schrotthändler. Virun 10 Joer huet si domat ugefaangen, al Bitzmaschinnen, déi net méi funktionéieren, eng 2. Chance ze ginn.
D'Gisèle an hire Mann Abbes botzen an restauréieren d'Maschinne an da bleiwen se och am Haus. Esou sammelt dat Ganzt sech elo zanter 10 Joer an d'Sammlung léist sech weisen.
An well si hiren Hobby mat anere wollen deelen, gouf decidéiert eng Ausstellung mat all de Bitzmaschinnen ze a. Déi eelst ass eng Maschinn vun 1892. All Bitzmaschinn huet een Numm.
D'Ausstellung ass op vum 11. bis den 19. Juni zu Ueschdref am Schapp. Den Entrée ass gratis a fir deen, wou wëll eppes hannerloossen, et steet eng Spuerkëscht fir den Télévie do.