Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
E bësse paradox ass et schonn; grad de Pionéier vun der Hybridtechnik a vun am Fong “vernünftegen” Autoen huet seng Spart vun de Spaassautoen erweidert. Mat GR fir Gazoo Racing dierfen sech zwee Modeller jo schonn dekoréieren, de Supra an den 3-dierege Yaris. Elo kënnt mam GR86 een drëtten dobäi a wann iech do eppes bekannt virkënnt, da leit der richteg; et handelt sech em den Nofolger vum GT86. Subaru hat jo schonn decidéiert den Zwillingsbrudder BRZ nët méi an Europa ze verkafen; Toyota huet sech awer de Ruck ginn! An de Paul Origer duerft en am Fong testen.