Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Trotz dem duerchwuessene Wieder haten sech vill leit an Ettelbréck fonnt fir e flotten Mëtteg ze verbréngen. Vun 14 Auer un bis spéit Owes hu Stroossekënschtler hier Aarbecht gewisen. Vun jongléieren, iwwer Seeldanz, zu selwer gemaachte Fritte bis hin zu Graffiti war vun allem gebueden. Et war fir jiddereen eppes derbäi. Geschäfter haten natierlech hier Dieren och op a fir Iessen a Gedrénks war och gesuergt.