Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
1 Joer, nodeems mir am Ahrtal ware fir ze hëllefen, si mir nees emol dohigefuer an hunn hir Aktioun "Wandere fir den Nees-Opbau vum Ahrtal" ënnerstëtzt. Mir hunn un der "Rotweinwanderung" deelgeholl. Mee mir sinn och net mat eidelen Hänn dohigefuer, d'Fondatioun "Fräiwëlleg Ettelbrécker Pompjeeën" hat e Scheck mat, fir de Pompjeeën do ënner d'Äerm ze gräifen.
Uschléissend war et eng Visitt bei der Wënzergenossenschaft.
Et ass ëmmer nach eng immens Géigend, d'Leit si frou a freeë sech, wann Touriste kommen, well si wëllen trotz der viller Aarbecht, déi nach do ass, all nees Normalitéit an hiert Liewe kréien.