Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Pünktlech zum 50. Gebuertsdag an der Erëffnung vun der Fotoausstellung an der Buerg, kënnt den 12. Oktober d’Bildband vum Marc Schoentgen eraus.
De lëtzebuerger Polizist ass 1969 gebuer an huet sech mat verschiddene Bicher an Ausstellungen, national wéi och international, e Numm gemaach.
Dat neit Wierk „Buerg Buurschent“ , an däitscher, franséischer, englescher, hollännescher a lëtzebuergescher Sprooch zielt 170 Fotoen, Panoramablécker an aner Detailopname verdeelt op 160 Säiten.
D’Buch ass bei de Buurschter Schlassfrënn an der Buerg, der Gemeng Buurschent oder och bei der Librairie Zimmer zu Dikrech ze kréien, wéi och beim Verfaasser selwer fir de Präis vu 45€