Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Dëse Weekend ass d‘Galerie op der Kap schéi gefëllt mat Molereien a Keramik. Ganz villfälteg sin déi wonnerbar Molereie realiséiert mat ënnerschiddlechen Techniken, Collagen am Acryl op Toile, déi vun de Kënschtlerinne Patrizia Cassone-Morigi, Annette Guyot-Lambrechts, Raymonde Holz-Brochmann, Marie- Paule Ludovicy- Urbing, Linda Pater an Pascale Seyler wärend zwee Deeg an der schéiner Galerie ausgestallt sinn. Ganz abstrakt stinn hei Biller mat Landschaften, Déieren a Personnagen asw. zur Schau. D‘Konscht vum Molen hunn déi verschidde Kënschtlerinnen an engem Molcours vum Pascale Seyler ganz intensiv geléiert.An onreegelméissegen Ofstänn vun ongeféier dräi Joer weisen dem Pascale Seyler seng Schüler, wat hatt hinnen vun der Konscht vum Mole bäibruecht huet. Wien e Frënd vun der Keramik ass, dee ka sech déi schéi Saache vun alle Formen a Gréisste vum Danielle Magis-Lemineur hei och méi genee ukucken. D‘ Ausstellung mat fräiem Entrée an der Galerie op der Kap ass op dësem Samschden, 4. Mäerz vu 14 bis 19 Auer an e Sonnden, 5. Mäerz vun 14 bis 18 Auer, op. D’Vernissagefeier ass dëse Freiden, 3. Mäerz um 19 Auer.