Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Zu Éiere vum 50. Gebuertsdag vun de Schlassfrënn vu Buerschent war de Grand-Duc Héritier Guillaume op Visitt um Buerschter Schlass. Nom Offizielle Accueil vun der Buergermeeschtesch Annie Nickels-Theis an de Schäffen a Conseillèren huet de Guillaume eng Visitt duerch d'Schlass gemaach a war ganz intresséiert iwwer d'Geschicht an de Stammbam vum Schlass. No der Visitt gouf sech an der Brasserie getraff fir e klenge Patt an e Maufel a gemittlech e puer Wierder ze tauschen, a sech an d'gëlle Buch ze veréiwegen. Mä d'Buergermeeschtesch hat dem Grand-Duc Héritier awer och nach eng Foto vum Grousspapp Jean gewisen, eng vun deenen leschten, déi hie selwer gemaach huet, an déi si 2019 bei der Visitt vum Grand-Duc Henri an der Grande-Duchesse Maria Thérèsa um Virowend vun Nationalfeierdag geschenkt krit huet. Hie war ganz begeeschtert. Um Schluss vum Dag krut hien nach e klenge Kaddo, iert hie sech rem op de Wee Heem gemaach huet.