Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
En Dënschdeg war de Bretzel-Cortège vun der Liewensmëttelhandwierk-Konfédération am Süden vum Land. Gestart sinn se zu Miersch. Vun do goung et op Diddeleng an d'Fondatioun Kräizbierg, do kruten si eng Visitt vun den Atelieren an uschléissend goufe Bretzelen verdeelt. An duerno goung et weider op Esch-Uelzecht an d'Foussgängerzon, uschléissend gouf si vum Gemengepapp empfaangen. Nodeems d'Hareler Musek vir de musikaleschen Encadrement gesuergt hat, goufe Bretzelen verdeelt an et gouf e Patt zum Beschten. Zum Schluss war nach eng Visitt an der Clinique Emile Mayrisch zu Esch um Plang, wou och e Ständche gespillt ginn ass a Bretzelen fir d'Personal an d'Patienten iwwerreecht gi sinn, wat fir grouss Freed gesuergt huet.