Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Um Freideg ass déi 46. Editioun vun der "Tour of the Alps", eng Etappecourse am Raum Tirol (A), Südtiroul (I) an Trentino (I) mat der Victoire am General vum Englänner Tao Geoghegan Hart op en Enn gaange.
Hien hat schonns déi zwou éischt Etappe gewonne an dëse Klassement bis zum Schluss verdeedegt.
D'Etappen 3 a 4 goufe vum Däitschen Lennard Kämna a vum Éisträichescher Gregor Mühlberger gewonnen.
D'Schlussetapp huet den Englänner Simon Carr fir sech entscheet.
Des länneriwwergräifend Course a 5 Etappen gëtt vu villen als Virbereedung op den Giro d'Italia benotzt.
Lëtzebuerger ware keng um Depart.